Logo Anesec
 
Logo Aneld
33

Rencontre

Entreprises-Etudiants

Foire de recrutement fir
Ekonomisten a Juristen

 

D’ANESEC an d'ANELD invitéieren iech dëst Joer nees op hier traditionell Rencontre Entreprises-Etudiants (REE). D’REE ass eng Jobfair organiséiert vu Studente fir Studenten. Profitéier vun der dëser Geleeënheet renomméiert Firmen kennen ze leieren. Falls du op der Sich no Informatiounen, engem Stage oder engem festen Job nom Studium bass, dann bass du op der REE genau richteg.

Zousätzlech zu der Jobfair bidden mir nach eng Table Ronde zum Thema Intellectual Property un an och Simulation d'entretien d'embauche.

Wat ass wichteg an engem Job Interview? Fir wéi eng Firma soll ech schaffen? Wat sinn d’Ënnerscheeder tëscht den verschiddenen Entreprisen? Wéien Departement ass den richtegen fir mech? Wéi fannen ech e Stage?

Alles dat si Froen déi all Student sech stellt. D’REE ass eng eenzegaarteg Geleeënheet fir des Froen vun den gréissten Employeuren aus dem Land beäntwert ze kréien.

D'REE ass komplett gratis, Umellen muss ee sech just wann een un enger Simulation interesséiert ass.
 

REE'16

21.12.2016

Mëttwoch 14h00 - 18h00

Logo de la Chambre de Commerce du LuxembourgChambre de Commerce
7 r. Alcide de Gasperi
L-2981 Luxembourg

Exposants

 
Logo
Logo
Logo
Logo
Logo
 
 
 
Logo
Logo
Logo
Logo
Logo
 
 
 
Logo
Logo
Logo
Logo
Logo
 
 
 
Logo
Logo
Logo
Logo
Logo
 
 
 
Logo
Logo
Logo
Logo
Logo
 
 
 
Logo
Logo

Simulation
d'entretien d'embauche

 

Ewéi all Joer, hutt Dir d'Méiglechkeet un enger Simulatioun vun Virstellungsgespréicher deelzehuelen zesummen mat Professionellen aus den Ressources Humaines vun eisen Partner op der REE 2016.

Wann Dir hei wëllt deelhuelen, dann schreift Iech ab elo mat dësem Formulaire an. D'Platzen sinn limitéiert.

INSCRIPTIOUN FIR D'SIMULATION D’ENTRETIEN D’EMBAUCHE:

 
 
 
 
 
 
 
 
 


Uploadez votre CV *:
 
 
 
 
Les champs obligatoires sont accompagnée d'un astérisque (*)
 

 

Organiséiert vu

 
Logo Anesec
 
Logo Aneld
 
et

D’ANESEC – D’Association des Etudiants en Sciences Economiques et Commerciales – gouf 1994 gegrënnt a vertrëtt zanterhier d’Intresse vun de Lëtzebuerger Studenten, déi am Beräich Ekonomie, Gestioun oder Commerce studéieren. Een Haaptzil vun der ANESEC ass et, den Iwwergang vum Studenten- a Beruffsliewen ze vereinfachen an hier Memberen iwwert d’Opportunitéiten an der Aarbechtswelt ze informéieren an de Kontakt mat Entreprisen hierzestellen.

Ënnert Änneren organiséiert d’ANESEC folgend Aktivitéiten:
Präsenz op der Foire de l’Etudiant ◈
Informatiounsveranstaltungen a Lycéeën ◈
Visite vun Entreprisen ◈
Seminaire mat der FUSE an der AMUSE ◈
“Drink and Talk” Eventer ◈
Interessant Job Offeren op Facebook an op eiser Internetsäit www.anesec.lu◈
D’REE – Rencontre Entreprises-Etudiants ◈
De Business Day ◈
Member vun der ANESEC kann en ganz einfach ginn, andeems een sech gratis bei eis um Internetsite aschreift. ◈

Zënter Dezember 2005 ass d’Association nationale des étudiants Luxembourgeois en droit (ANELD) no puer Joren erëm aktiv. Haut zielt se ëm déi 700 Memberen an ass di eenzeg national Organisatioun di d’Intressen vun den Lëtzebuerger Droit-Studente vertrëtt. Fir d’Joer 2016/2017 ass d’Associatioun vun engem Comité vun 15 Memberen vertratt, déi op Unien an Lëtzebuerg, Frankräich, Norwegen, England, Holland oder an der Belsch studéieren.

D’Haaptaktivitéiten vun eiser Associatioun sinn:
◈ d’Presentatiounen vun eisen Partneren an Sponsoren déi eisen Memberen d’Méiglechkeet bidden, mat der Aarbechtswelt an Kontakt ze trieden an sech villäicht een Summerstage ze sécheren.
◈ d’alljährlech Visitten vun verschidden Institutiounen déi am Zesummenhang mat dem Droitsstudium stinn.
◈ eng “Matinée des professions” déi d’futur Juristen iwwer déi verschidden méiglech Beruffsweeër nom Droitsstudium informéiert.
◈ Fräizäitaktivitéiten ewéi eis alljährlech Pots de bienvenue an den verschidden Stied oder eisen Gala de Droit.
◈ an natierlech d’Rencontre Entreprises – Étudiants.